Et
gouf eng Zäit, do hunn an eiser Géigend ganz Duerfgemeinschafte
vun der Landwirtschaft gelieft. Joerhonnerte laang hat sech
kaum eppes geännert. Virun 1900 war vun der Mechaniséierung
nit vill ze spieren.
An
de Joeren 29-30 gouf et op eemol souvill Neies, dat déi
al Leit d'Welt nit méi verstan hunn: Telefon, Elektrizitéit
a Waasserleitung. Alles an engem Joer! No an no hunn d'Baueren
sech Maschinnen ugeschaf, an déi al Gesten si lues a lues
an de Vergiess geroden. De Fléel an de Kaarbock sin un de
Nol gehaang gin. An de 50er Joeren ass et mat der Mechaniséierung
ganz rapid gaang, an déi kleng Betriber konnten nit méi
mathalen. Si hunn opgehal an hunn eng Aarbicht an der Industrie
gesicht. An de 70er Joeren huet et och déi mëttel Betriber
erwëscht. An e puer Joer méi spéit konnt een d'Bauerebetriber
am Duerf op enger Hand opzielen. D'Landwirtschaft vun haut
huet näischt méi mat der Arbichtsweis vun eise Virfahre
gemeinsam.
De
Neye Jang vu Wahl war schonn ëmmer bekannt fir ale Buttik
zesummenzeschleefen. De Bauerenhaff, wou hien opgewuess
ass, louch nit wäit ewech vun engem ale Steebroch, deen
an de 50er Joere schonn deelweis als Dreckstipp benotzt
ginn ass.
Deemools
war de Krich nach nit laang aus, an dës schlëmm Zäit war
den Erwuessene sou nogaang, datt se bal all Dag dovu geschwat
hunn. D'Amerikaner waren ëmmer déi Gutt. A wann dee klenge
Jang da ganz houfrig mat deene gudden Amerikaner hiren Helmer
a Gasmaske vum Tipp koum, ass säi Papp rose ginn an huet
gemault: "Wann's de näischt Besseres fënns, deen Dreck do
häss de direkt kënnen do loossen!"
An
de Papp huet verzweifelt dem Jang wëlle bäibréngen: Sammel
dach dem Woner, dem Saadler oder dem Schmadd säi Geschir
amplaz de Krichsschrott, dee jo nëmme geduecht ass, fir
alles futti ze maachen. Du wäerts gesinn, wann's de grouss
bass, gëtt et kee Schneider a kee Schouster méi am Duerf!
An
de 60er Joeren eng Sammlung vun alem Handwierksgeschir opzebauen,
war liicht a schwierig zugläich. Liicht, well deemools kaum
een Interessi un deene Saachen hat a kaum ee wëlles hat,
domat Handel ze dreiwen. D'Handwierksleit, meeschtens al,
waren dacks bereet, hiert gebrauchte Geschir fir en Apel
an e Stéck Brout wechzeginn, deen Dag, wou se mam Betrib
opgehal hunn.
Schwierig
war et, sech déi Zäit fir aalt Handwierksgeschir ze interesséieren,
wat vun deene meeschte Leit als ale Buttik oder Schrott
ugesi ginn ass. Et hat een all Chancen, fir vun de Leit
am beschte Fall als Original oder am schlëmmste Fall als
Lompekréimer ugesinn ze ginn.
Dem
Jang säi Monni war Woner, a wéi deen an de 70er Joere gestuerwen
ass, hu seng Kanner him quasi dee ganzen Atelier geschenkt.
A wéi hien du ganz houfrig alles heemgeschleeft huet, hunn
d'Noperen, déi dat matkritt haten, de Geck gemeet a gesot:
"Déi Reeder, déi's du do méchs, déi géife mir gär gesinn."
Gécklicherweis haten dem Jang seng Eltere grad den Nopeschhaff
kaaft, wou d'Scheiere scho laang Joeren eidel stungen. Do
war genuch Plaz fir alles ze stockéieren. Zum alen Nopeschhaff
huet och ee Wunnhaus gehéiert, dat deemools vun enger Joffer
bewunnt war, déi do Wunnrecht hat bis zum Enn vun hirem
Liewen. Wéi d'Joffer 1981 gestuerwen ass, war de Musée fäerdig.
Si hat ni eppes Neies kaaft an och ni eppes Ales wechgehäit.
No
an no ass d'Sammlung méi grouss ginn: dem Saadler vu Rëmmerig
seng Wierkstatt , vu Léifrig, vu Bereldeng a vun Hierber
si ganz Atelieren op Wahl geplënnert ginn. Enn vun den 80er
Joere waren d'Requisite vun zirka 40 bal oder ganz ausgestuerwe
Beruffer an der Sammlung ze fannen. Et war eng Collectioun
zum perséinliche Plëséier, un een ëffentliche Musée huet
dunn nach kee Mënsch geduecht.
Et
war déi Zäit, wéi den Naturpark Uewersauer op d'Been gestallt
ginn ass. Déi Responsabel vum Naturpark hunn no Touristenattraktioune
gesicht a sinn op dës Sammlung opmierksam ginn. Kontakter
sinn opgeholl ginn, mä am Ufank wollt de Jang näischt vun
Touriste wëssen. Et ass him awer e bëssi als Schnapsiddi
virkomm. Mä d'Naturparksleit hunn nit sou séier opginn.
Vill
Méiglichkeete sinn duerchdiskutéiert ginn, mä ouni grousst
Resultat. Bis enges Daags ee pensionéierte Schoulmeeschter
vu Colmar-Bierg an den Haff koum. Hien hat d'Iddi, ee liewige
Landmusée fir Schoulkanner opzeriichten. Hien huet Konzept
iwwer Konzept ausgeschafft an u verschiddene Programmer
gefeilt. No an no huet ee Grupp Leit sech zesummefonnt,
déi all eng Hand mat ugepaakt hunn, fir de Projet op d'Been
ze stellen.
Am
Summer 1991 konnt de Jang iwwerzeegt ginn, an d'Iddi vum
Musée gouf realiséiert, mä nach haten si kee Numm fir d'Kand.
E Professer vun Éischt hat an der Tëschenzäit déi al Akten,
déi um iewichte Späicher fonnt gi waren, entziffert, wou
et an engem Dokument vu 1688 heescht: " Thielen Vogtey zu
Wahll under dem Hursten Hause daselbsten dem Hauss Everlingen
mit schaaff, frondt, diensten zugethan Hatt scheuer, stallung
backhauss und mistplatzen vor der thur...."
Thillenvogtei,
dësen Numm aus der Feudalzäit, ass no der Franséischer Revolutioun
an de Vergiess geroden. D'Leit wollten nit ëmmer un déi
onglécklich Zäit erënnert ginn. Nëmmen um Kadaster heescht
et nach haut Thillenpesch, Thillengart asw.
De
16. September 1991 war groussen Test. All Schoulkanner aus
der Gemeng Wahl waren invitéiert. Alles war op de Been.
De Bakuewen ass ugehëtzt ginn. Um Wäschbuer ass d'Wäsch
gemeet ginn. Viz ass gepresst ginn a Quetschekraut gouf
gekacht. U Benevolater huet et nit gefeelt, an all hunn
se eng Hand mat ugepak, dat deen Dag eng Reussite sollt
ginn. Fir mam Broutbaken op Nummer sécher ze gouen, gouf
de Bäcker aus dem Préizerdall engagéiert.
Am
Virfeld waren déi verschidden Bak-tester vum Jang a senger
Equipe all schif gaang. Wéi hien déi éischte Kéier sollt
baken, huet hien seng Mamm gefrot, wéi et geet. Déi huet
nëmmen de Kapp gerëselt a gesot: "Där wäert dach lo nit
domat ufänken! Sidd frou, datt déi Zäit riwwer ass." Dem
Jang seng Schwéiermamm huet dat selwicht gesot: "Wësst dir,
wéivill Aarbicht dat ass! Dat maacht dir nit laang!" An
och d'Nopisch, d'Léonie, wat scho laang am Himmel ass, sot:
"Wat wëllt der nëmmen? De Bäcker kënnt all Dag virun d'Dir
tuten. Do kënnt der iech ënnert 10 Zorte Brout dat Bescht
eraussichen."
Déck
enttäuscht, hu si selwer probéiert. Déi 1. Kéier war et
eppes wéi Pavésstäng. Déi 2. Kéier wéi Pangécht an déi 3.
Kéier war et verbrannt. Sou ëm déi 17. Kéier haten si den
Trick eraus, an et huet een direkt gesinn, datt et Brout
war.
Och
un der Infrastruktur huet et 1991 nach uerig gehappert.
Eng Scheier ass mol geraumt an ageriicht ginn, fir een Ënnerdaach
bei schlechtem Wieder. An deenen ale Ställ sollt eng almoudisch
Schoul ageriicht ginn. Mä wou waren déi 10 000 Schoulbänke
vun Anno Tubak dann all hinn? Eng gouf zu Mäerzig rëmfonnt,
eng aner zu Rippweiler, an zu Éinen an engem Schapp lungen
der en etlich, déi uerig ramoléiert waren. En hëllefsbereete
Schräiner huet se mat vill Léift erëm zesummengesat. D'Nopischgemengen
hunn am Hierscht 1991 nit nëmmen hir Kanner op Wahl an de
Musée geschéckt, mä si hunn och op de Späichere vun hiren
ale Schoule gesicht a koume mat Pult, Tafel a Landkaarten. (Text: nos cahiers
2011 3 / 4 Auteur: Elisabeth Kugener-Ney)
Lues
a lues huet de Musée zu Wahl Fassongen ugeholl. 24 Joer
laang huet de Jang mat senger Equipe vill dausend Kanner
zu Wahl um Haff begréisst. Mat senge Geschichten a sengem
grousse Wëssen, wosst hien et seng kleng a grouss Gäscht
an d'Zäit vun eisen Virfahren zréck ze versetzen. Vill Brout
gouf gebak, Leedere gebaut, Käre gedresch, Grompere geraf
a Gromperekichelcher giess.... bis an der läscht heiansdo
um Jang seng Pensioun geduecht gouf an doriwwer nogeduecht
ginn ass, wéi een de Fortbestand vum Musée kinnt garantéieren.
Virun
e puer Joer hat de Jang di grouss Chance am Nopeschduerf
ee Bauerenhaff ze kafen, deen déi selwicht Viraussëtzungen
hat fir de Musée, wéi säin Heemichtshaff zu Wahl. Seng Duechter,
déi zënter enger Rei Joeren am Musée bei den Aktivitéite
matgeschafft huet, huet déi Aventure op sech geholl fir
ee neie Projet zu Ranschleid am Haff Grisius ze starten.
An deene läschte Joeren gouf, genee wéi virun 24 Joer zu
Wahl, u Konzepter gebastelt an d'Infrastuktur un di nei
Ufuerderungen ugepasst. Als kleng Testphase gouf den Hierschtprogramm
2014 um neie Site zu Ranschleid ugebueden. Mir hu vill,
vill Gromperen an Äppel geraaf a Gott säi Dank war dee Ranschleider
Bulli grad sou flott wéi deen zu Wahl. Och di Ranschleider
Gromperekichelcher, Viz an Äppeltaarten si "mega lecker".
No deem Succès am Hierscht 2014 ware mer richtig motivéiert
an zënter dem Juni 2015 lafen all eis Aktivitéiten um neie
Site zu Ranschleid.
|
Och
wann den Bakuewen zu Wahl nit méi dämpt, gesidd der de Jang
nit rouig op der Bänk sëtzen. Hien kann nit raschten, och
wann hien lo offiziell d'Pensioun huet. Iwwerall wou eng
Hand am Musée gebraucht gët, ass hien do. Wann hien dann
ewerhaapt nach Zäit fënnt, fir bis op Ranschleid ze kommen.
Meeschtens fënnt een hien iergendwou um Späicher an de Këschten
ze wullen oder hien réckelt rëm eng vu senge villen Dreschmaschinnen
aus dem Schapp eraus. Mach sinn, dat de Jang schonn oft
wéint sengem ale Krom belächelt ginn ass, mee mëttlerweil
kommen dagdeeglich Leit aus dem In- an Ausland op Wahl gepilgert,
fir Filmrequisiten vun Anno Tubak auszeléinen. Et huet sich
erëmgeschwat, dat ee beim Jang um Späicher wierklich alles
fënnt.
|