NEWS: Porte Ouverte

14. & 15. Mee 2022 am Kader vun den Luxembourg Museum Days

gratis Entrée vun 10 bis 18 Auer

Animatioun: D'Duerfschoul em 1900 all Dag um 14:00 an 16:00 mat eiser strenger Joffer


 

D'Thillenvogtei zu Randschleid from Thillenvogtei on Vimeo.

En Trailer vum Tom Hynek

D'Liewen um Duerf ëm 1900 - dat kënnt Dir am Musée Thillenvogtei zu Randschelt mat Hänn, Nues an Aan entdecken.
Kucken, lauschteren, upaken, fillen, probéieren, richen a schmaachen.

Dir sidd eng Schoulklass an interesséiert Eech fir den Alldag vun eise Virfahren.
Kuckt Eech eise Programm un a reservéiert eng Visitt zu Randschelt um Haff. Mir freeën eis op Eech.

Mir freeën eis op äre Besuch!
Angela, Shannon an Änder