|
|
D'Visiteure
ginn domat konfrontéiert, dat frëscht Brout virun 100 Joer
nit sou selbstverständlich war, wéi haut. Di schwéier Arbicht
an dee laange Wee, deen d'Mamm hat, bis d'Brout fäerdig
war, erliewen d'Visiteuren, andeems se selwer den Deeg knieden
an de Baakuewen unhëtzen. An der Scheier ginn di sellichen
Arbichtsgäng duerchgeholl, vum Käere séinen, iwwert Dreschen
bis hin zum fäerdige Miel. Wann d'Brout no etliche Stonnen
fäerdig ass, kritt all Visiteur eent mat heem fir ze schmachen.
Dauer: 4-5 Stonnen
Alter: ab Cycle 1
Präiss: 15 Euro pro Visiteur hTVA
Materialkäschten pro Grupp: 85 Euro hTVA
Reservatioun iwwer email: thillenvogtei@gmail.com
|
|