|
|
Wa mer an d'Scheier mam Fleel
sollen dresche gouen, hu mer schon dräi Wieder an engem
Satz, déi ville Kanner hautdesdaags net méi sou geleefig
sinn. Waat ass eng Scheier, Hee a Stréi? Waat mécht ee mat
enger Gaafel, engem Fleel oder engem Wann? Mir kucken eis
di verschidden Arbichtsgäng vum Séine bis bei di propper
Käeren un a visualiséieren de Wee vum „Käer zum Brout“ mat
engem klenge Film. D'Kanner däerfe selwer ausprobéieren,
wéi hir Konditioun ass beim Dreschen, mam Fleel klappen,
un der Kierp dréinen, schëppen a kieren....
Dauer: 1 1/2 Stonn
Alter: ab Cycle 1
Präiss: 7 Euro pro Visiteur hTVA
*Beim „Brout baken“ ass dësen
Programm mat abegraff. Reservatioun iwwer email: thillenvogtei@gmail.com
Zréck
|
|