|
Mir setzen eis an di al Schoulbänken
a kucken eis un wat fréier aanischt war wéi haut. Wéi huet
ee gerechent ouni Täscherechner a schéi geschriwwen ouni
Computer...? Firwaat hunn d'Kanner sou béis gekuckt op der
Klassefoto a wat war alles an hirem Schoulsak?
Als Aktivitéit maache mer eng
kleng Bitzarbicht.
Dauer: 3 Stonnen
Alter: ab Cycle 2.2
Präiss: 11 Euro pro Visiteur hTVA
Max. 20 Visiteuren
Materialkäschten: 4 Euro (Fakultativ - pro Bitzrumm )
Reservatioun iwwer email: thillenvogtei@gmail.com
|