kuken, läuschteren, schmaachen….. Méi wéi nëmmen ee Musée

Vun der Ouschtervakanz bis d’Summervakanz kënnt Dir mat Ären Schoulklassen folgend Programmer matmaachen:

Brout baken

Bitzatelier

Schoulunterricht wéi fréier

Holzatelier

Spillen wéi fréier

Hausaarbicht vun der Mamm

Kukt ënner der Rubrik Ateliers/Workshops fir weider Informatiounen an mellt Iech nach elo unn iwwer:

thillenvogtei@gmail.com

Visit Guttland ass aktuell nach op der Sich no engem Student, dee Loscht hätt, de Summer iwwer am Musée THILLENVOGTEI am klengsten Duerf vum Land, zu Randschelt, auszehëllefen!

Wann Dir also ee kennt, deen ee kennt, … da wäre mer frou wann Dir d’Info géingt weider ginn.

Mellen kann ee sech via : https://bit.ly/4bzcXtD. Et soll ee wgl dobäi schreiwen, datt et fir de Musée Thillenvogtei ass, wann een d’Kandidatur era gëtt.

Den 11. November hunn mir an der Scheier vum Musée d’Randschelter Kiermes gefeiert. Et goung un mat engem Lëtzebuerger Lidderowend mam Fernande Pletschette um Piano an mam Ben Claus um Accordeon. Dono ass et weidergaangen mat engem Kiermesbal. Mir soen jidderengem Merci, den mat

De Musée Thillenvogtei

D’Liewen um Duerf ëm 1900 – dat kënnt Dir am Musée Thillenvogtei zu Randschelt mat Hänn, Nues an Aan entdecken.
Kucken, lauschteren, upaken, fillen, probéieren, richen a schmaachen.

Dir sidd eng Schoulklass an interesséiert Eech fir den Alldag vun eise Virfahren.
Kuckt Eech eise Programm un a reservéiert eng Visitt zu Randschelt um Haff. Mir freeën eis op Eech.

Mir freeën eis op äre Besuch!

Angela, Shannon & Änder

https://vimeo.com/162089478

© 2023 Musée Thillenvogtei Randschelt A.s.b.l.