Geschicht


Wéi de Musée 1991 entstanen ass

Et gouf eng Zäit, do hunn an eiser Géigend ganz Duerfgemeinschafte vun der Landwirtschaft gelieft. Joerhonnerte laang hat sech kaum eppes geännert. Virun 1900 war vun der Mechaniséierung nit vill ze spieren.

An de Joeren 29-30 gouf et op eemol souvill Neies, dat déi al Leit d’Welt nit méi verstan hunn: Telefon, Elektrizitéit a Waasserleitung. Alles an engem Joer! No an no hunn d’Baueren sech Maschinnen ugeschaf, an déi al Gesten si lues a lues an de Vergiess geroden. De Fléel an de Kaarbock sin un de Nol gehaang gin. An de 50er Joeren ass et mat der Mechaniséierung ganz rapid gaang, an déi kleng Betriber konnten nit méi mathalen. Si hunn opgehal an hunn eng Aarbicht an der Industrie gesicht. An de 70er Joeren huet et och déi mëttel Betriber erwëscht. An e puer Joer méi spéit konnt een d’Bauerebetriber am Duerf op enger Hand opzielen. D’Landwirtschaft vun haut huet näischt méi mat der Arbichtsweis vun eise Virfahre gemeinsam.

De Neye Jang vu Wahl war schonn ëmmer bekannt fir ale Buttik zesummenzeschleefen. De Bauerenhaff, wou hien opgewuess ass, louch nit wäit ewech vun engem ale Steebroch, deen an de 50er Joere schonn deelweis als Dreckstipp benotzt ginn ass.

Deemools war de Krich nach nit laang aus, an dës schlëmm Zäit war den Erwuessene sou nogaang, datt se bal all Dag dovu geschwat hunn. D’Amerikaner waren ëmmer déi Gutt. A wann dee klenge Jang da ganz houfrig mat deene gudden Amerikaner hiren Helmer a Gasmaske vum Tipp koum, ass säi Papp rose ginn an huet gemault: „Wann’s de näischt Besseres fënns, deen Dreck do häss de direkt kënnen do loossen!“

An de Papp huet verzweifelt dem Jang wëlle bäibréngen: Sammel dach dem Woner, dem Saadler oder dem Schmadd säi Geschir amplaz de Krichsschrott, dee jo nëmme geduecht ass, fir alles futti ze maachen. Du wäerts gesinn, wann’s de grouss bass, gëtt et kee Schneider a kee Schouster méi am Duerf!

An de 60er Joeren eng Sammlung vun alem Handwierksgeschir opzebauen, war liicht a schwierig zugläich. Liicht, well deemools kaum een Interessi un deene Saachen hat a kaum ee wëlles hat, domat Handel ze dreiwen. D’Handwierksleit, meeschtens al, waren dacks bereet, hiert gebrauchte Geschir fir en Apel an e Stéck Brout wechzeginn, deen Dag, wou se mam Betrib opgehal hunn.

Schwierig war et, sech déi Zäit fir aalt Handwierksgeschir ze interesséieren, wat vun deene meeschte Leit als ale Buttik oder Schrott ugesi ginn ass. Et hat een all Chancen, fir vun de Leit am beschte Fall als Original oder am schlëmmste Fall als Lompekréimer ugesinn ze ginn.

Dem Jang säi Monni war Woner, a wéi deen an de 70er Joere gestuerwen ass, hu seng Kanner him quasi dee ganzen Atelier geschenkt. A wéi hien du ganz houfrig alles heemgeschleeft huet, hunn d’Noperen, déi dat matkritt haten, de Geck gemeet a gesot: „Déi Reeder, déi’s du do méchs, déi géife mir gär gesinn.“

Gécklicherweis haten dem Jang seng Eltere grad den Nopeschhaff kaaft, wou d’Scheiere scho laang Joeren eidel stungen. Do war genuch Plaz fir alles ze stockéieren. Zum alen Nopeschhaff huet och ee Wunnhaus gehéiert, dat deemools vun enger Joffer bewunnt war, déi do Wunnrecht hat bis zum Enn vun hirem Liewen. Wéi d’Joffer 1981 gestuerwen ass, war de Musée fäerdig. Si hat ni eppes Neies kaaft an och ni eppes Ales wechgehäit.

No an no ass d’Sammlung méi grouss ginn: dem Saadler vu Rëmmerig seng Wierkstatt , vu Léifrig, vu Bereldeng a vun Hierber si ganz Atelieren op Wahl geplënnert ginn. Enn vun den 80er Joere waren d’Requisite vun zirka 40 bal oder ganz ausgestuerwe Beruffer an der Sammlung ze fannen. Et war eng Collectioun zum perséinliche Plëséier, un een ëffentliche Musée huet dunn nach kee Mënsch geduecht.

Et war déi Zäit, wéi den Naturpark Uewersauer op d’Been gestallt ginn ass. Déi Responsabel vum Naturpark hunn no Touristenattraktioune gesicht a sinn op dës Sammlung opmierksam ginn. Kontakter sinn opgeholl ginn, mä am Ufank wollt de Jang näischt vun Touriste wëssen. Et ass him awer e bëssi als Schnapsiddi virkomm. Mä d’Naturparksleit hunn nit sou séier opginn.

Vill Méiglichkeete sinn duerchdiskutéiert ginn, mä ouni grousst Resultat. Bis enges Daags ee pensionéierte Schoulmeeschter vu Colmar-Bierg an den Haff koum. Hien hat d’Iddi, ee liewige Landmusée fir Schoulkanner opzeriichten. Hien huet Konzept iwwer Konzept ausgeschafft an u verschiddene Programmer gefeilt. No an no huet ee Grupp Leit sech zesummefonnt, déi all eng Hand mat ugepaakt hunn, fir de Projet op d’Been ze stellen.

Am Summer 1991 konnt de Jang iwwerzeegt ginn, an d’Iddi vum Musée gouf realiséiert, mä nach haten si kee Numm fir d’Kand. E Professer vun Éischt hat an der Tëschenzäit déi al Akten, déi um iewichte Späicher fonnt gi waren, entziffert, wou et an engem Dokument vu 1688 heescht: “ Thielen Vogtey zu Wahll under dem Hursten Hause daselbsten dem Hauss Everlingen mit schaaff, frondt, diensten zugethan Hatt scheuer, stallung backhauss und mistplatzen vor der thur….“

Thillenvogtei, dësen Numm aus der Feudalzäit, ass no der Franséischer Revolutioun an de Vergiess geroden. D’Leit wollten nit ëmmer un déi onglécklich Zäit erënnert ginn. Nëmmen um Kadaster heescht et nach haut Thillenpesch, Thillengart asw.

De 16. September 1991 war groussen Test. All Schoulkanner aus der Gemeng Wahl waren invitéiert. Alles war op de Been. De Bakuewen ass ugehëtzt ginn. Um Wäschbuer ass d’Wäsch gemeet ginn. Viz ass gepresst ginn a Quetschekraut gouf gekacht. U Benevolater huet et nit gefeelt, an all hunn se eng Hand mat ugepak, dat deen Dag eng Reussite sollt ginn. Fir mam Broutbaken op Nummer sécher ze gouen, gouf de Bäcker aus dem Préizerdall engagéiert.

Am Virfeld waren déi verschidden Bak-tester vum Jang a senger Equipe all schif gaang. Wéi hien déi éischte Kéier sollt baken, huet hien seng Mamm gefrot, wéi et geet. Déi huet nëmmen de Kapp gerëselt a gesot: „Där wäert dach lo nit domat ufänken! Sidd frou, datt déi Zäit riwwer ass.“ Dem Jang seng Schwéiermamm huet dat selwicht gesot: „Wësst dir, wéivill Aarbicht dat ass! Dat maacht dir nit laang!“ An och d’Nopisch, d’Léonie, wat scho laang am Himmel ass, sot: „Wat wëllt der nëmmen? De Bäcker kënnt all Dag virun d’Dir tuten. Do kënnt der iech ënnert 10 Zorte Brout dat Bescht eraussichen.“

Déck enttäuscht, hu si selwer probéiert. Déi 1. Kéier war et eppes wéi Pavésstäng. Déi 2. Kéier wéi Pangécht an déi 3. Kéier war et verbrannt. Sou ëm déi 17. Kéier haten si den Trick eraus, an et huet een direkt gesinn, datt et Brout war.

Och un der Infrastruktur huet et 1991 nach uerig gehappert. Eng Scheier ass mol geraumt an ageriicht ginn, fir een Ënnerdaach bei schlechtem Wieder. An deenen ale Ställ sollt eng almoudisch Schoul ageriicht ginn. Mä wou waren déi 10 000 Schoulbänke vun Anno Tubak dann all hinn? Eng gouf zu Mäerzig rëmfonnt, eng aner zu Rippweiler, an zu Éinen an engem Schapp lungen der en etlich, déi uerig ramoléiert waren. En hëllefsbereete Schräiner huet se mat vill Léift erëm zesummengesat. D’Nopischgemengen hunn am Hierscht 1991 nit nëmmen hir Kanner op Wahl an de Musée geschéckt, mä si hunn och op de Späichere vun hiren ale Schoule gesicht a koume mat Pult, Tafel a Landkaarten.
(Text: nos cahiers 2011 3 / 4 Auteur: Elisabeth Kugener-Ney)

Lues a lues huet de Musée zu Wahl Fassongen ugeholl. 24 Joer laang huet de Jang mat senger Equipe vill dausend Kanner zu Wahl um Haff begréisst. Mat senge Geschichten a sengem grousse Wëssen, wosst hien et seng kleng a grouss Gäscht an d’Zäit vun eisen Virfahren zréck ze versetzen. Vill Brout gouf gebak, Leedere gebaut, Käre gedresch, Grompere geraf a Gromperekichelcher giess…. bis an der läscht heiansdo um Jang seng Pensioun geduecht gouf an doriwwer nogeduecht ginn ass, wéi een de Fortbestand vum Musée kinnt garantéieren.

Virun e puer Joer hat de Jang di grouss Chance am Nopeschduerf ee Bauerenhaff ze kafen, deen déi selwicht Viraussëtzungen hat fir de Musée, wéi säin Heemichtshaff zu Wahl. Seng Duechter, déi zënter enger Rei Joeren am Musée bei den Aktivitéite matgeschafft huet, huet déi Aventure op sech geholl fir ee neie Projet zu Ranschleid am Haff Grisius ze starten. An deene läschte Joeren gouf, genee wéi virun 24 Joer zu Wahl, u Konzepter gebastelt an d’Infrastuktur un di nei Ufuerderungen ugepasst. Als kleng Testphase gouf den Hierschtprogramm 2014 um neie Site zu Ranschleid ugebueden. Mir hu vill, vill Gromperen an Äppel geraaf a Gott säi Dank war dee Ranschleider Bulli grad sou flott wéi deen zu Wahl. Och di Ranschleider Gromperekichelcher, Viz an Äppeltaarten si „mega lecker“. No deem Succès am Hierscht 2014 ware mer richtig motivéiert an zënter dem Juni 2015 lafen all eis Aktivitéiten um neie Site zu Ranschleid.

Och wann den Bakuewen zu Wahl nit méi dämpt, gesidd der de Jang nit rouig op der Bänk sëtzen. Hien kann nit raschten, och wann hien lo offiziell d’Pensioun huet. Iwwerall wou eng Hand am Musée gebraucht gët, ass hien do. Wann hien dann ewerhaapt nach Zäit fënnt, fir bis op Ranschleid ze kommen. Meeschtens fënnt een hien iergendwou um Späicher an de Këschten ze wullen oder hien réckelt rëm eng vu senge villen Dreschmaschinnen aus dem Schapp eraus. Mach sinn, dat de Jang schonn oft wéint sengem ale Krom belächelt ginn ass, mee mëttlerweil kommen dagdeeglich Leit aus dem In- an Ausland op Wahl gepilgert, fir Filmrequisiten vun Anno Tubak auszeléinen. Et huet sich erëmgeschwat, dat ee beim Jang um Späicher wierklich alles fënnt.