D’Liewen um Duerf ëm 1900!

D’Equipe vum Musée proposéiert Iech eng ganz Rei Aktivitéiten bei deenen dir an engem hallwen oder ganzen Dag den haarden Alldag vun eise Virfaren kënnt erliewen.

Eng flott Offer fir Schoulklassen aus de Primärschoulen a Lycéeën, Maisons Relaisen an all aner Grupp déi Loscht op eng Zäitrees hunn.

Ouschteren wéi fréier

Kommt mat bei d'Bomi an di gutt warem Kichen, kucken wat dat mat den Ouschterbräich esou op sech huet.

  • Klibberen, sangen, baken, fierwen, a villes méi.

  • Max. 25 Kanner ab dem Cycle 1

  • März/Abrëll

    Genee Datumen kënnen vun Joër zu Joër änneren.

  • Hallwen oder ganzen Dag

  • Ouschteren ass ëmmer den 1. Sonnden nom 1. Vollmound vum Fréijoer!

Bitzunterricht

Firwat gouf Handaarbicht an der Schoul geléiert? Wéi goufen d'Kleeder hiergestallt? Mir kucken der Néiesch iwwert d'Schëller.

  • Strecken, bitzen, häckelen,
    selwer bitze léieren.

  • Max. 25 Kanner ab dem Cycle 3

  • Vun Januar bis August

  • 2,5 Stonnen

Spillen wéi fréier

Hei können d'Kanner sech selwer en Sprangseel op der Seelmaschinn dréinen.
Wat haten d'Kanner fréier fir Spiller mat denen se spillen konnten? Dir kennt se alleguerten ausprobéieren.

  • Seeler maachen, Bécksen schéissen, mat de Jicken spillen, a villes méi.

  • Max. 25 Kanner ab dem Cycle 2

  • Vun Januar bis August

  • 3 Stonnen

Duerfschoul vu fréier

Wat a wéi gouf an der Schoul geléiert? Wiem huet ee musse folligen? Vill spannend Froen, op déi mir eng Äntwert sichen.

  • Griffel, Lee, Pouten
    1x1 a „Schönschreibheft".

  • Max. 25 Kanner ab dem Cycle 3

  • Vun Januar bis August

  • 3 Stonnen

D'Hausaarbicht vun der Mamm

Wat huet d'Mamm sich fréier musse ploen! Komm pak eng Hand mat un! Als Belounung gëtt et Eisekuch oder Wäffelcher vum Feier.

  • Bitzen, botzen, kachen, strecken, Kaffi réischteren a muelen.

  • Max. 25 Kanner ab dem Cycle 2

  • Vun Januar bis August

  • 2,5 Stonnen

Holzatelier

Beruffer déi mat Holz geschafft hunn, gouf et vill. Mir léieren der e puer kennen.
Eist Geschéck teste mir, andeems mir eis en Hocker bauen.

  • Hummeren, schnetzen, feilen a schläifen.

  • Max. 25 Kanner ab dem Cycle 3

  • Vun Januar bis August

  • 3 Stonnen

Brout baken

Fir eis Virfahren war et ee wäite Wee Gis d'Brout um Dësch louch. Erlief di verschidde Schrëtt vum klenge Kär zum fäerdige Brout.

  • Vum Kär zum Brout Fléiwel, Dreschen, Holzuewen, Fäschen, Sauerdeeg, knieden.

  • Max. 45 Kanner ab dem Cycle 1

  • Vun Januar bis August

  • 5 Stonnen

  • Deessem ass dat aalt Lëtzebuerger Wuert fir ugesate Broutdeeg oder fir Sauerdeeg.  De Bäcker huet missen all Stonn an der Nuecht opstoen fir dem Deeg Miel bäizeginn an deen ze knieden. Wat war dat en Gedeessems!

Gromperen

Mir fueren mam Bauer an rafen d'Gromperen. Dono sortéieren mir eis Recolte an kachen Gromperekichelcher.

  • Rafen, sortéieren, Gromperekichelcher.

  • Max. 50 Kanner ab dem Cycle 1

  • September/Oktober

    Genee Datumen kënnen vu Joër zu Joër änneren.

  • En halwen Dag, kombinéierbar mat mettes Viz maachen

  • Ma wëll eng Gromper gesäit wéi eng Bier aus an fënnt sech am Gronn: Et ass eng “Gronn-Bier”!

Äppel

Am Bongert sinn d'Äppel zeidig. Mat eise gefëllte Kierf gëtt um Haff Viz gepresst oder eng gutt Appeltaart gebak. Déi loosse mir eis gutt schmaachen.

  • Rafen, pressen, baken a schmaachen.

  • Max. 50 Kanner ab dem Cycle 1

  • September/Oktober

    Genee Datumen kënnen vun Joër zu Joër änneren.

  • En halwen Dag, kombinéierbar mat Grompereprogramm

  • Wéi d’Réimer op Lëtzebuerg koumen, gouf et nach kee Wäin, mais just fermentéierten Äppeljus. Sie hunn dunn gemengt, dat wier wéi Wäin, mais kee richtege Wäin, an hunn dat Vize-Vinum genannt (wéi Vizepremier oder Vizechampion). D’Lëtzebuerger hunn dann einfach Viz dofir gesot.

Léiwe Kleeschen

Am Uewe pootert d'Feier. Erlieft di gemittlich Wanterzäit bei eis am Musée.

  • Boxemännercher baken, Lidder sangen, Geschichte lauschteren

  • Max. 25 Kanner ab dem Cycle 1

  • November/Dezember

    Genee Datumen kënnen vun Joër zu Joër änneren

  • En ganzen oder halwen Dag

Mellt Iech bei eis …

Dir huet eng Fro iwwert de Musée, wëllt en Atelier buchen, oder soss weider Informatioun kréien,