Praktesch Info
MUSÉE THILLENVOGTEI RANDSCHELT ASBL.
Wéi ?
Mam Bus 903 aus der Stad:
Luxembourg-Stäreplaz - Harlange,
Mam Bus 132 Ettelbruck - Kuborn,
Arrêt: Grevels-Ieweschten Eck erausklammen,
1 km zu Fouss Richtung Randschelt.
Fir den Auto sinn e puer Parkplazen do.
Wéini ?
De Musée : Fir Gruppen op Umeldung
Vum 21. Juli bis den 8. September
Donneschdes vun 10-18 Auer
Fir jiddwereen, ouni Umeldung
D’Atelieren : Fir Gruppen op Umeldung
Iwwert de ganze Joer
Hongerig ?
Eng flott Terrasse steet iech zur Verfügung.
Denkt un äre Picknick, well wann ee vill schafft gëtt ee vill hongerig.
Grillen ?
Da bréngt iech äert Gegrills mat a sot eis Bescheed, fir dat mir Iech de Feier mat Zäiten ufänke kënnen.
Fir d’Benotze an d’Spullen vum Grill an d’Holz verrechne mir € 20,-
Wichtig !
D’Gezei vun eise Gäscht soll dem Wieder ugepasst sinn an et soll een och su richtig däerfen domat schaffen.
Mellt Eech bei eis …
Dir huet eng Fro iwwert de Musée, wëllt en Atelier buchen, oder soss weider Informatioun kréien
dann fëllt dëse Formulär aus
schéckt eis eng Email un info@thillenvogtei.lu
schreiwt eis eng SMS un +352 691 11 90 90
oder rufft eis einfach un +352 691 11 90 90