Aktualitéit!
Entdeckt eise Summerprogramm 2026!
Äddi Jang! A Merci fir alles!
Mat grousser Trauregkeet hu mir d’Pflicht alle Frënn vum Musée Thillenvogtei an alle Leit, déi sech fir eis Aktivitéiten interesséieren den Dout vum Jean Ney, dem Grënner a laangjärege Bedreiwer vun eisem Musée matzedeelen.
Et sinn elo bal 35 Joer vergaangen – am September 1991 – datt de Jang mat der grousser Ënnerstëtzung vu senger Famill, villen Frënn an aneren Acteuren, déi éischt Schoulklasse bei sech zu Wal a sengem Musée empfaangen huet an domat de Grondstee fir eppes richteg Grousses a Wichteges fir eis national Muséeslandschaft geluecht huet. De Musée huet sech séier weiderentwéckelt, ass iergendwann op Randschelt geplënnert an et war e laange Wee bis dohinner wou mir elo stinn. Villes war zäiteweis onsécher, mä de Jang hat, wéi hie selwer emol an engem Interview sot, „ ëmmer Vertrauen, datt et géing virugoen“ an dat Vertrauen huet och eis déi lescht Joren ëmmer virugehollef. Am nämmlechten Interview huet hie geschat, datt hie ronn 100.000 Kanner an Erwuessenen am Musée eise ländleche Patrimoine op eng lieweg a flott Aart a Weis vermëttelt huet. Dat ass eng imposant Leeschtung an huet ronn d’Hallschent vu sengem Liewen ausgemaach.
Alles dat huet de Jang awer net eleng gemaach. Mir drécken all senge Frënn a senger Famill, déi hien ëmmer a sengem Asaz fir eist kulturellt Ierwen ënnerstëtzt hunn eist häerzlechst Bäileed aus. Och wann de Jang net méi ënnert eis ass, sou lieft säin Engagement a säi Wierk zu Randschelt weider.
Hei fannt Dir de Rapport d’Activité 2025 vun der Thillenvogtei, mat engem Réckbléck op d’Projeten an d’Aktivitéite vum vergaangene Joer.
Méi wéi nëmmen ee Musée
D’Thillenvogtei,
en liewege Musée!
D’Liewen um Duerf ëm 1900 – dat kënnt Dir am Musée Thillenvogtei zu Randschelt mat Hänn, Nues an Aan entdecken.
Kucken, lauschteren, upaken, fillen, probéieren, richen a schmaachen.
Dir sidd eng Schoulklass an interesséiert Eech fir den Alldag vun eise Virfahren. Kuckt Eech eise Programm un a reservéiert eng Visitt zu Randschelt um Haff.
Mir freeën eis op äre Besuch!
De Musée
Eng Rees an di gutt al Zäit!
Atelieren
All eis Programmer fir Schoulklassen, Maison-Relaisen, Vakanz-Aktivitéiten, oder Gruppen
D’Scheier
Dir wëllt äer Hochzäit, Familjefeier, Gebuertsdag an engem flotte Kader feieren?Mir verlounen eis al Scheier fir äer Festivitéiten.
Infos Pratiques
Am klengsten Duerf vum Land
ass de Musée nit ze iwwersin
Mellt Iech bei eis …
Dir huet eng Fro iwwert de Musée, wëllt en Atelier buchen, oder soss weider Informatioun kréien
dann fëllt dëse Formulär aus
schéckt eis eng Email un info@thillenvogtei.lu
schreiwt eis eng SMS un +352 691 11 90 90
oder rufft eis einfach un +352 691 11 90 90