Ënnerstëtzt eis


De Musée Thillenvogtei gëtt vun der A.s.b.l. Musée Thillenvogtei Randschelt gedroen. Mir wëllen de Patrimoine vu Lëtzebuerg ëm all dat Wëssen aus dem Musée méi räich maachen. De Wëllen eleng geet net ëmmer duer. Mir sinn op Är Ënnerstëtzung ugewisen. A mir sinn dankbar iwwer all Hëllef déi eis zoukënnt.

Dir kënnt Member gin vun der ASBL andems Dir eis eng Email op thillenvogtei@gmail.com maacht.

Dir kënnt d’ASBL « Musée Thillenvogtei Randschelt » finanziell ënnerstëtzen mat engem Don.

Zënter Juli 2021 sin Donen déi Dir iwwert de Fonds culturel national un eis maacht steierlech ofsetzbar!

Dir kënnt eng Iwwerweisung maachen op de Kont:

LU24 0019 4655 0203 7000 (BCEELULL, bénéficiaire: Fonds culturel national) Betreff „2021/107 Musée Thillenvogtei

https://www.focuna.lu/fr/Faites-un-don/Musee-Thillenvogtei-Randschelt-a-s-b-l-

Der kënnt awer och eng Iwwerweisung maachen op de Kont vun der ASBL (steierlech net ofsetzbar):
 
LU19 0099 7800 0070 6689 (CCRALULL)
Gitt w.e.g. bei der Iwwerweisung de Betreff „DON 2024“ un.

Mir soen Eech am Virfeld villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung