eng Rees an di gutt al Zäit
An der Kichen fënnt een alles wat ee braucht fir ze kachen, fir ze baken, souguer e Bakuewen, deen nach reegelméisseg mat Brout oder Boxemännercher gefiddert gëtt. De Sëlwer muss leider och heiansdo gebotzt ginn!
Wann Owes d’Sonn endlech hannert dem Hiwwel verschwënnt, gëtt et Zäit mat engem Waarmen Téi eropzegoen. Um 1. Stack gesäit een wou de Bopi schléift, net wäit ewech vum klenge Pitty. De Kniecht huet och seng Couch.
De Pitty huet net wäit ze goen fir an d’Schoul. Do fënnt en dann och de Paschtouer, deen him haut eng Lektioun iwwert eis Land gëtt. Mat der Lee an dem Griffel kann de Pitty einfach üben eppes Léiwes fir seng Elteren ze schreiwen.
Mellt Iech bei eis …
Dir huet eng Fro iwwert de Musée, wëllt en Atelier buchen, oder soss weider Informatioun kréien
dann fëllt dëse Formulär aus
schéckt eis eng Email un info@thillenvogtei.lu
schreiwt eis eng SMS un +352 691 11 90 90
oder rufft eis einfach un +352 691 11 90 90